Eise Service Admissions
steet Iech zur Säit

Dir wëllt oder kënnt net méi bei Iech heem bleiwen oder braucht reegelméisseg a bedeitend Ënnerstëtzung an ären alldeeglechen Aktivitéiten.

Dir mengt, dass plënneren an eng Seniorenresidenz déi ideal Léisung wier, ëm Iech ee séchere Liewensëmfeld ze erméiglechen an Iech ee stimuléierenden an zugläich friddlechen Alldag ze erméiglechen.

Är Kontaktpersoune fir all méiglech Froen iwwert eise Service Admissions:

Mme Audrey Cornelles
Responsable Service
Admissions & Relation Clientèle
: (+352) 24 25
: admissions@paiperleck.lu

Mme Adeline Gircour
Responsable Adjointe
Admissions & Relation Clientèle
: (+352) 24 25
: admissions@paiperleck.lu

Notre réseau de soins à domicile vous accompagne partout au Luxembourg
Variété d'activités thérapeutiques au sein de nos foyers de jour

Eise Service Admissions ass do, fir Är Froen ze beäntweren an Iech bei all Schrëtt ze begleeden, sief fir Iech selwer, ee Familljemember oder eng Persoun aus Ärem Ëmfeld.

Ëm Iech op dës nei Liewensetapp virzebereeden, informéiert eis multidisziplinär Ekipp Iech iwwer déi verschidde Schrëtter vum Opnahmsprozess: vum Rendez-vous huele bis zur Organisatioun vun enger Visite guidée an der Residenz a Koordinatioun mat eise Responsables Résidences. Sie wäerten Iech all Erklärungen zu de „Contrats d’Hébergement“ an de „Contrats de Prise en Charge“ ginn.

Well mir Iech een op Är Bedierfnesser adaptéierten Usaz bidde wëllen, ass ee vun den éischte Schrëtt d’Ausfëlle vun engem Opnahmeformulaire, domat mir zesummen d’Aart vun néideger Betreiung ermëttelen a festleeë kënnen.

Am Opnameprozess ënnerscheede mir tëschent zwou Aarte vun Ufroen:

    • Bei enger virleefeger Ufro profitéiert Dir vun enger virleefeger Aschreiwung op eiser Waardelëscht fir eng oder verschidde Seniorenresidenzen vun Ärer Wiel. Esou verfüügt Dir iwwer eng Pré-Inscriptioun, enger perséinlech Betreiung a Berécksiichtegung Ärer éischter Wiel bezüglech Ärem zukünftege Liewensraum.

    • Bei dréngenden Ufroe begleede mir Iech, fir Iech eng adaptéiert Léisung ze proposéieren, déi Äre Bedierfnesser a punkto Betreiung passt.

Eise Service Admissions steet Iech natierlech vu méindes bis freides vun 8.30 bis 17.30 Auer ënnert der Nummer 24 25, esouwéi per E-Mail ënnert admissions@paiperleck.lu zur Verfügung, esou dat all Är Froen iwwert enger méiglecher Opname beäntwert kënne ginn an mir Iech eng ugepasste Prestatioun ubidde kënnen, déi an eisem Netzwierk zur Verfügung stinn.

Är Kontaktpersounen fir all méiglech Froen iwwert eise Service Admissions:

Mme Audrey Cornelles
Responsable Service
Admissions & Relation Clientèle

Mme Adeline Gircour
Responsable Adjointe
Admissions & Relation Clientèle

Päiperléck,

äre Gesondheets Partner am Alldag

Skip to content