D’Seniorenresidenz Am Wéngert läit zu Kanech am Oste vum Land a bitt Iech ee grousse Confort un mat sengen 127 Studioen an Appartementer.
D’Seniorenresidenz Am Wéngert besteet aus 2 Fligelen:
Seniorenresidenz Am Wéngert
51, Rue de Lenningen
L-5411 Canach
Visites-guidéeë op Rendez-Vous méiglech.
M. Laurent Meunier
Responsable Résidence
Mme Christine Herfeld
Gestionnaire Admissions & Assurance Dépendance
Eis Appartementer a Studioen hunn eng Wunnfläch vun 26m² bis 56m² mat enger Stuff, enger Buedzëmmer mat Dusch an Toilette.
D’Wunnenge sinn och mat Sécherheetsdiere souwéi engem internen Telealarm System ekipéiert.
D’Wunnenge ginn ouni Miwwel zur Verfügung gestallt an Dir hutt d’Méiglechkeet, Äre Liewensraum Ärem Geschmaach an Ärer Personalitéit no anzeriichten andeem Dir Är eege Miwwel a perséinlech Géigestänn matbréngt.
D’Seniorenresidenz Am Wéngert proposéiert Iech och ee Begleedungsservice an eist qualifizéiert Personal begleet Iech wärend Ären alldeeglechen Aktivitéiten, sief et fir eng Visitt beim Dokter, eng Demarche bei de Behörden oder kleng Reparaturen an Ärer Wunneng.
An der Seniorenresidenz Am Wéngert ze liewe bedeit, vun de folgende Prestatiounen ze profitéieren:
Dir profitéiert vun enger Fleegebetreiung an Nuetswaach duerch eist qualifizéiert Personal dat 24/7 op der Plaz ass.
Eis multidisziplinär Ekipp bitt Iech eng Rei vu Leeschtungen un, dorënner Physiotherapie, Ergotherapie, Ernärungsberodung an therapeutesch Aktivitéiten, déi speziell op Är Bedierfnesser ugepasst sinn.
Eis multidisziplinär Ekippe beroden a betreien Iech. Eis individuell Approche baséiert op enger Aschätzung vun Äre Fäegkeeten a Schwieregkeeten an Ärem Alldag.
Mir gräife reegelméisseg oder punktuell mat Hëllef vu Rehabilitatiounssëtzungen an alle Beräicher vun Ärem deegleche Liewen an (Hygiène an Hëllefe fir d’deeglecht Liewen, Ernärung, Mobilitéit a sozial Aktivitéiten).
D’Expertis, déi vun eise multidisziplinären Ekippen ugebidde gëtt, offréiert eng ugepassten a sécher Ëmgéigend an der eis Awunner een zugläich stimuléierenden a friddlechen Alldag erliewen an hir Selbststännegkeet fërdere kënnen.
Eisen agreéierten Dagesfoyer Am Wéngert empfänkt Iech méindes bis freides vun 8.30 bis 16.30 Auer a bitt eisen Awunner eng Rei vun Aktivitéiten an Animatiounen an enger frëndlecher a berouend Atmosphär.
Eis Dagesfoyeren si geselleg an aluedend Treffpunkten a bidden eng héichwäerteg Betreiung daagsiwwer.
Eng qualifizéiert Ekipp bitt Iech eng Panoplie un therapeuteschen a sozialen Aktivitéiten un. D’villfältegt Fräizäitangebot fir eis Awunner ëmfaasst ënner anerem Kach-, Gesang- a Bitzworkshopen… Spillnomëtteger, Concerten, Tanzteeën esouwéi d’Entdeckung an Opnam vu lokale Gruppen: Spillschoulen, Schoulen, asw…
Ëm Ären Alldag ze vereinfachen, bidden eis Dagesfoyeren ee Shuttle-Service un, ëm d’Betreiung vun Ärem Wunnuert aus sécher ze stellen.
Eist Zil: Iech een erfëllend Sozialliewen ze bidden a gläichzäiteg fir d’Oprechterhaalung an d’Kontinuitéit vun der Fleeg ze suergen.
Seniorenresidenz Am Wéngert
Betreit Wunnen a
Structure d’Hébergement pour Personnes Âgées (SHPA)
mat Unité Adaptée
51, Rue de Lenningen
L-5411 Canach
M. Laurent Menunier
Responsable Résidence
Mme Christine Herfeld
Gestionnaire Admissions
& Assurance Dépendance