Päiperléck
Eng Familljegeschicht

D’Entreprise Päiperléck gouf 2009 vum Robert Hein gegrënnt.

Seng Geschicht reecht allerdéngs bis an d‘80er Joren zeréck, wéi den Här Robert Hein, Grënner, Hotelier a leidenschaftleche Gastronom, 1982 beschloss huet, den Hotel „Le Chat Botté“ zu Berdorf opzemaachen, deen am Laf vu senger Geschicht seng Affektatioun geännert huet a 1993 an ee Betreit Wunnen mat Geneemegung vum Ministère ëmgewandelt gouf.

Päiperléck, une entreprise familiale luxembourgeoise
Päiperléck, une entreprise familiale luxembourgeoise

2006 féieren d’Duechtere Stéphanie an Isabelle Hein d’Familljegeschicht weider, mat der Entscheedung, der Entreprise bäizetrieden a mat hirem Papp an de Meilestee vu neie Projeten am Beräich vun der Seniorefleeg ze schaffen. Säitdeem reit sech ee Projet no dem Aneren.

Hautdesdaags ass Päiperléck eng lëtzebuergesch Entreprise vun der 2ter Generatioun, déi am Beräich vun der Fleeg täteg ass an a ganz Lëtzebuerg aktiv ass. Päiperléck ass am Beräich vun der Ënnerstëtzung an der Fleeg spezialiséiert a bitt senge Clienten den ausgibegste Service un.

Därzäit verfüügt d’Entreprise iwwer 5 Strukturen fir Betreit Wunnen zu Kanech, Biissen, Befort, Schengen a Weidingen, souwéi 3 Structures d’Hébergement pour Personnes Âgées (SHPA) zu Kanech, Biissen a Rodange :

    • D’Seniorenresidenz Am Wéngert zu Kanech • Betreit Wunnen a SHPA (2023)
    • D’Seniorenresidenz Am Park zu Biissen • Betreit Wunnen, SHPA mat enger “Unité Protégée” a Appartementer fir Senioren (2022)
    • D’Seniorenresidenz Eisknippchen zu Weidingen/Wooltz • Betreit Wunnen a SHPA mat enger “Unité Protégée” (2021)
    • D’Seniorenresidenz Petite Suisse zu Befort • Betreit Wunnen (2017)
    • D’Résidence Les Jardins de Schengen zu Schengen • Betreit Wunnen (2015)
    • D’Seniorenresidenz Bel-Âge zu Esch-Uelzecht • Appartementer fir Senioren (2011)
    • D’Résidence Parc Ronnwiss zu Rodange • SHPA (2009)

Päiperléck verfüügt ausserdeem iwwer 7 Dagesfoyeren/CJPA (Beetebuerg, Esch-Uelzecht, Rodange, Befort, Weidingen, Biissen a Kanech), eng Palliativ-Ekipp den Nuets Päiperléck, dat ronderëm d’Auer am ganze Land täteg ass, souwéi Vakanzebetter fir zäitweileg Openthalter. De mobille Fleegedéngscht ass am ganze Land 24/7 verfügbar.

Ëmmer bestrieft, seng Offer ze erweideren, huet Päiperléck ufangs Oktober 2022 déi 1. Ariichtung zu Lëtzebuerg opgemaach, déi fënnef Déngschtleeschtungen ënnert engem Daach vereent an ubitt: d’Seniorenresidenz Am Park zu Biissen mat engem SHPA mat enger “Unité Protégée”, Betreit Wunnen, Appartementer fir Senioren, een Dagesfoyer/CJPA souwéi Vakanzebetter.

Eng 2. Residenz, di Februar 2023 opgemaach gëtt, ass d’Seniorenresidenz Am Wéngert zu Kanech, déi och een SHPA, Betreit Wunnen, een Dagesfoyer/CJPA esouwéi Vakanzebetter ënner engem Daach ubidde wäert

D’Joer 2022 ass zu engem ganz wichtege Joer fir Päiperléck ginn, ee Joer voll mat schéine Projeten an Erausfuerderungen.

D’Geschicht vun der Famill Hein huet zu engem Familljebetrib mat mënschlecher Gréisst geféiert, dees obwuel d’Entreprise wiisst, ginn eis Antennen a klengen Eenheete geféiert, esou datt eis Clienten, déi am Mëttelpunkt stinn, nëmme vun enger begrenzter Unzuel vu Mataarbechter betreit ginn. Dës Methoud erméiglecht et, eng enk Bezéiung opzebauen an eng besser Betreiung ze leeschten.

Päiperléck, äre

Gesondheets Partner am Alldag

Skip to content