D’Seniorenresidenz Am Park läit zu Biissen am Häerzen vum Land a bitt Iech mat sengen 81 Zëmmeren an Appartementer een héichwäertege Confort.
D’Seniorenresidenz Am Park besteet aus dräi Fligelen:
Seniorenresidenz Am Park
4-10, Rue An der Bléi
L-7796 Bissen
Visites-guidéeë op Rendez-Vous méiglech.
M. José Ribeiro
Responsable Résidence
Mme Sévérine Chef
Gestionnaire Admissions & Assurance Dépendance
Eis Appartementer a Studioen hunn eng Wunnfläch vun 21m² bis 51m² mat enger Stuff, enger Buedzëmmer mat Dusch an Toilette, souwéi eng Kitchenette.
D’Wunnenge sinn och mat Sécherheetsdiere souwéi engem internen Telealarm System ekipéiert.
D’Wunnengen ginn ouni Miwwel zur Verfügung gestallt an Dir hutt d’Méiglechkeet, Äre Liewensraum Ärem Geschmaach an Ärer Personalitéit no anzeriichten andeem Dir Är eege Miwwel a perséinlech Géigestänn matbréngt.
D’Seniorenresidenz Am Park proposéiert Iech och ee Begleedungsservice an eist qualifizéiert Personal begleet Iech wärend Ären alldeeglechen Aktivitéiten, sief et fir eng Visitt beim Dokter, eng Demarche bei de Behörden oder kleng Reparaturen an Ärer Wunneng.
An der Seniorenresidenz Am Park ze liewe bedeit, vun de folgende Prestatiounen ze profitéieren:
Dir profitéiert vun enger Fleegebetreiung an Nuetswaach duerch eist qualifizéiert Personal dat 24/7 op der Plaz ass.
Eis multidisziplinär Ekipp bitt Iech eng Rei vu Leeschtungen un, dorënner Physiotherapie, Ergotherapie, Ernärungsberodung an therapeutesch Aktivitéiten, déi speziell op Är Bedierfnesser ugepasst sinn.
Eise Therapeuteschen Zuch
Dës therapeutesch Approche besteet aus engem ageriichtem Dekor, dee geduecht ass, eng Zuchrees fir Leit mat neurodegenerativen an neurokognitive Krankheeten ze simuléieren.
Et handelt sech dobäi em eng medikamentelos a sanft Therapie, déi et erméiglecht Verhalensproblemer am Zesummenhang mat onstabille Stëmmungen, Wanderen, Aggressivitéit oder Bezéiungsschwieregkeeten ze bewältegen.
Betreiung vun dementen eelere Persounen
D’Seniorenresidenz Am Park proposéiert dementen eelere Leit sécher Raim mat enger Betreiung, déi un hir besonnesch Besoinen adaptéiert ass.
Duerch d’Fachwëssen dat vun eise multidisziplinären Ekippen ugebidde gëtt, déi an der Betreiung vu Leit mat kognitiven Defizite geschoult sinn, bidde mir eng ugepassten a sécher Ëmwelt an der se ee stimuléierenden an esougläich friddlechen Alldag erliewen an och hier Selbststännegkeet fërdere kennen.
Eisen agreéierten Dagesfoyer Am Park empfänkt Iech méindes bis freides vun 8.30 bis 17.00 Auer a bitt eisen Awunner eng Rei vun Aktivitéiten an Animatiounen an enger frëndlecher a berouegend Atmosphär.
Eis Dagesfoyeren si geselleg an aluedend Treffpunkten a bidden eng héichwäerteg Betreiung daagsiwwer.
Eng qualifizéiert Ekipp bitt Iech eng Panoplie un therapeuteschen a sozialen Aktivitéiten un. D’villfältegt Fräizäitangebot fir eis Awunner ëmfaasst ënner anerem Kach-, Gesang- a Bitzworkshopen… Spillnomëtteger, Concerten, Tanzteeën esouwéi d’Entdeckung an Opnam vu lokale Gruppen: Spillschoulen, Schoulen, asw…
Ëm Ären Alldag ze vereinfachen, bidden eis Dagesfoyeren ee Shuttle-Service un, ëm d’Betreiung vun Ärem Wunnuert aus sécher ze stellen.
Eist Zil: Iech een erfëllend Sozialliewen ze bidden a gläichzäiteg fir d’Oprechterhaalung an d’Kontinuitéit vun der Fleeg ze suergen.
Seniorenresidenz Am Park
Betreit Wunnen,
Structure d’Hébergement pour Personnes Âgées (SHPA) mat Unité Protégée
& Appartementer fir Senioren
4-10, Rue An der Bléi
L-7796 Bissen
M. José Ribeiro
Responsable Résidence
Mme Séverine Chef
Gestionnaire Admissions
& Assurance Dépendance