Eise Service
Vakanzebetter

An Zesummenaarbecht mat dem Hôtel Bel-Air, Sport & Wellness zu Iechternach bitt eise Service Vakanzebetter eng Offer un zäitlech begrenzten Openthalter fir eeler Mënschen esouwéi Persounen mat ageschränkter Mobilitéit.

Mir bidden och eng Rei vun Vakanzebetter an eise Seniorenresidenzen un.

Är Kontaktpersoun fir all méiglech Froen iwwert eis Vakanzebetter:

Mme Audrey Cornelles
Adjointe à la Direction des Soins
Assurance Dépendance et Relations Sociales
: (+352) 24 25
: admissions@paiperleck.lu

Notre Service Lits de Vacances propose une offre de séjours temporaires destinés aux personnes âgées ainsi qu’aux personnes à mobilité réduite.
Notre Service Lits de Vacances propose une offre de séjours temporaires destinés aux personnes âgées ainsi qu’aux personnes à mobilité réduite.

Ugebuedene Prestatiounen an eise

Vakanzebetter

Op Är Bedierfnesser ugepassten Zëmmer

Vollpensioun

Fleeg & Betreiung duerch eist qualifizéiert Personal 24/7

Telealarm

Aktivitéiten & Animatiounen an eise Dagesfoyeren

Accueil

Zougang zum Spa- a Wellnessberäich

D’Angebot un Vakanzebetter riicht sech haaptsächlech un dräi Situatiounen:

  • Familljen, déi eng fleegebedierfteg Persoun betreien an temporär an d’Vakanz goe wëllen, oder déi sech erhuele wëllen.

  • Persounen, déi sech no engem Spidolsopenthalt an enger Rehabilitatioun oder Genesung nach net prett fillen erëm zeréck Heem ze goen.

  • Eeler Persounen, déi sech gäre mat enger Fleegestruktur méi vertraut wëlle maachen.

Eist Ziel ass, en Openthalt fir Clienten ze erméiglechen, déi wärend hirer Vakanz net op eng fleegeresch Betreiung verzichte kënnen oder wëllen.

Eis qualifizéiert Ekipp begleet Iech bei Besoin 24/7 a suergt fir eng héichwäerteg Betreiung a garantéiert en Openthalt ouni Suergen.

Är Kontaktpersoun fir all méiglech Froen iwwert eis Vakanzebetter:

Päiperléck, äre

Gesondheets Partner am Alldag

Skip to content