Ëmgi vun engem grousse soignéierte Park, läit d’Seniorenresidenz Petite Suisse matzen am Zenter vu Beefort am Häerze vum Mëllerdall a bitt Iech 48 Appartementer, déi alleguerten ee Balcon hunn.
Seniorenresidenz Petite Suisse
89A, Grand Rue
L-6310 Beefort
Visites-guidéeë op Rendez-Vous méiglech.
Mme Flavia Gaspar
Responsable Résidence
M. Yohan Tanane
Gestionnaire Admissions & Assurance Dépendance
Eis Appartementer vu 62m² komme mat enger Stuff, ee Buedzëmmer mat Dusch an Toilette, esouwéi eng Kitchenette an ee Balcon.
D’Appartementer sinn och mat Sécherheetsdieren souwéi engem internen Telealarm System ekipéiert.
D’Wunnenge ginn ouni Miwwel zur Verfügung gestallt an Dir hutt d’Méiglechkeet, Äre Liewensraum Ärem Geschmaach an Ärer Personalitéit no anzeriichten andeem Dir Är eege Miwwel a perséinlech Géigestänn matbréngt.
D’Seniorenresidenz Petite Suisse proposéiert Iech och ee Begleedungsservice an eist qualifizéiert Personal begleet Iech wärend Ären alldeeglechen Aktivitéiten, sief et fir eng Visitt beim Dokter, eng Demarche bei de Behörden oder kleng Reparaturen an Ärer Wunneng.
An der Seniorenresidenz Petite Suisse ze liewe bedeit, vun de folgende Prestatiounen ze profitéieren:
Dir profitéiert vun enger Fleegebetreiung an Nuetswaach duerch eist qualifizéiert Personal dat 24/7 op der Plaz ass.
Eis multidisziplinär Ekipp bitt Iech eng Rei vu Leeschtungen un, dorënner Physiotherapie, Ergotherapie, Ernärungsberodung an therapeutesch Aktivitéiten, déi speziell op Är Bedierfnesser ugepasst sinn.
Eis multidisziplinär Ekippe beroden a betreien Iech. Eise personaliséierten an individuellen Usaz berout op enger Bewäertung vun Äre Fäegkeeten a Schwieregkeeten am deegleche Liewen.
Mir gräife reegelméisseg oder punktuell mat Hëllef vu Rehabilitatiounssëtzungen an alle Beräicher vun Ärem deegleche Liewen an (Hygiène an Hëllefe fir d’deeglecht Liewen, Ernärung, Mobilitéit a sozial Aktivitéiten).
D’Expertis, déi vun eise multidisziplinären Ekippen ugebidde gëtt, offréiert eng ugepassten a sécher Ëmgéigend an der eis Awunner en zugläich stimuléierenden a friddlechen Alldag erliewen an hir Selbststännegkeet fuerdere kënnen.
Eisen agreéierten Dagesfoyer Petite Suisse empfänkt Iech méindes bis samschdes vun 8.30 bis 16.30 Auer a bitt eisen Awunner eng Rei vun Aktivitéiten an Animatiounen an enger frëndlecher a berouegend Atmosphär.
Eis Dagesfoyeren si geselleg an aluedend Treffpunkten a bidden eng héichwäerteg Betreiung daagsiwwer.
Eng qualifizéiert Ekipp bitt Iech eng Panoplie un therapeuteschen a sozialen Aktivitéiten un. D’villfältegt Fräizäitangebot fir eis Awunner ëmfaasst ënner anerem Kach-, Gesang- a Bitzworkshopen… Spillnomëtteger, Concerten, Tanzteeën esouwéi d’Entdeckung an Opnam vu lokale Gruppen: Spillschoulen, Schoulen, asw…
Ëm Ären Alldag ze vereinfachen, bidden eis Dagesfoyeren ee Shuttle-Service un, ëm d’Betreiung vun Ärem Wunnuert aus sécher ze stellen.
Eist Zil: Iech een erfëllend Sozialliewen ze bidden a gläichzäiteg fir d’Oprechterhaalung an d’Kontinuitéit vun der Fleeg ze suergen.
D’Brasserie Beim Adelheid läit matzen an der Senioreresidenz a wëllkommt eis Awunner, hir Famill souwéi hier Frënn d’ganz Woch laang.
An enger frëndlecher Atmosphär proposéiert de Restaurant eisen Awunner eng qualitativ Kichen, an der den Accent op frësch, ofwiesslungsräich a saisonal Produite gesat gëtt.
Eis Ambitioun leit doranner, eisen Awunner a Gäscht lëtzebuergesch Spezialitéite mat Produkter aus der einheimescher Landwirtschaft souwéi lecker Saisonsplaten unzebidden.
Seniorenresidenz Petite Suisse
Betreit Wunnen
89A, Grand-Rue
L-6310 Beaufort
Mme Flavia Gaspar
Responsable Résidence
M. Yohan Tanane
Gestionnaire Admissions
& Assurance Dépendance