Am Häerze vun de lëtzebuergeschen Ardennen proposéiert Iech d’Seniorenresidenz Eisknippchen mat senge 97 Zëmmeren an Appartementer een héichwäertege Confort.
Seniorenresidenz Eisknippchen
17, Rue des Vieilles Tanneries
L-9572 Weidingen/Wiltz
Visites-guidéeë op Rendez-Vous méiglech.
Mme Lucie Da Silva
Responsable Résidence
Mme Valérie Ballez
Gestionnaire Admissions & Assurance Dépendance
Sech wuel fillen am Alter an aller Geloossenheet
Eis Appartementer a Studioen hunn eng Wunnfläch vu 24m² bis 54m² mat enger Stuff, enger Buedzëmmer mat Dusch an Toilette. mat enger Stuff, enger Buedzëmmer mat Dusch an Toilette.
Les logements sont également équipés d’une porte sécurisée ainsi que d’un système de téléalarme interne.
D’Wunnenge ginn ouni Miwwel zur Verfügung gestallt an Dir hutt d’Méiglechkeet, Äre Liewensraum Ärem Geschmaach an Ärer Personalitéit no anzeriichten andeem Dir Är eege Miwwel a perséinlech Géigestänn matbréngt.
D’Seniorenresidenz Eisknippchen proposéiert Iech och ee Begleedungsservice an eist qualifizéiert Personal begleet Iech wärend Ären alldeeglechen Aktivitéiten, sief et fir eng Visitt beim Dokter, eng Demarche bei de Behörden oder kleng Reparaturen an Ärer Wunneng.
An der Seniorenresidenz Eisknippchen ze liewe bedeit, vun de folgende Prestatiounen ze profitéieren:
Fleeg & Betreiung
Dir profitéiert vun enger Fleegebetreiung an Nuetswaach duerch eist qualifizéiert Personal dat 24/7 op der Plaz ass.
Eis multidisziplinär Ekipp bitt Iech eng Rei vu Leeschtungen un, dorënner Physiotherapie, Ergotherapie, Ernärungsberodung an therapeutesch Aktivitéiten, déi speziell op Är Bedierfnesser ugepasst sinn.
Sënnesstimulatioun – innovatiivt Konzept
Eise “Snoezen Raum” ass e Raum, dee komplett der Entspanung an der Rëmentdeckung vun de Sënne gewidmet ass. Bannent enger multisensorescher Ëmgéigend gëtt all eenzele Sënn erwächt, fir dat eis Bewunner sech entspanen an hier Ängschten ofbaue kënnen.
Dës Method erméiglecht et eisen Awunner, déi Schwieregkeete bei der Kommunikatioun hunn, sech iwwer hir Gefiller auszedrécken an esou méi einfach verstane kënnen ze ginn.
Betreiung vun dementen eelere Persounen
D’Seniorenresidenz Eisknippchen proposéiert dementen eelere Leit sécher Raim mat enger Betreiung, déi un hir besonnesch Besoinen adaptéiert ass.
Duerch d’Fachwëssen dat vun eise multidisziplinären Ekippen ugebidde gëtt, déi an der Betreiung vu Leit mat kognitiven Defizite geschoult sinn, bidde mir eng ugepassten a sécher Ëmwelt an der se ee stimuléierenden an esougläich friddlechen Alldag erliewen an och hier Selbststännegkeet fërdere kennen.
Aktivitéiten & Animatiounen
Eisen agreéierten Dagesfoyer Eisknippchen empfänkt Iech méindes bis freides vun 8.30 bis 16.30 Auer a bitt eisen Awunner eng Rei vun Aktivitéiten an Animatiounen an enger frëndlecher a berouegend Atmosphär.
Notre volonté est de proposer à nos habitants ainsi qu’à nos bénéficiaires extérieurs, une vie sociale épanouissante tout en veillant au maintien de leur autonomie au quotidien.
Une panoplie d’activités et d’animations est proposée mettant en avant la participation active.
Eng qualifizéiert Ekipp bitt Iech eng Panoplie un therapeuteschen a sozialen Aktivitéiten un. D’villfältegt Fräizäitangebot fir eis Awunner ëmfaasst ënner anerem Kach-, Gesang- a Bitzworkshopen… Spillnomëtteger, Concerten, Tanzteeën esouwéi d’Entdeckung an Opnam vu lokale Gruppen: Spillschoulen, Schoulen, asw…
Afin de simplifier votre quotidien, nos foyers de jours disposent d’un service de navette afin d’assurer une prise en charge à partir de votre domicile.
Eist Zil: Iech een erfëllend Sozialliewen ze bidden a gläichzäiteg fir d’Oprechterhaalung an d’Kontinuitéit vun der Fleeg ze suergen.
Seniorenresidenz
Eisknippchen
Betreit Wunnen
mat Unité Adaptée
17, Rue des Vieilles Tanneries
L-9572 Weidingen/Wiltz
Mme Lucie Da Silva
Responsable Résidence
Mme Valérie Ballez
Gestionnaire Admissions
& Assurance Dépendance
