Als Äre Gesondheets Partner, begleet an informéiert Päiperléck Iech bei all Ären Demarchen, sief et fir Iech, ee Familljemember oder eng Persoun aus Ärem Ëmfeld.
Är Kontaktpersoun fir all Froen iwwert d’Fleegeversécherung:
Mme Audrey Cornelles
Responsabel Services Admissions & Communication
Mme Adeline Gircour
Responsabel Adjointe Service Admissions & Assurance Dépendance
: (+352) 24 25
: admissions@paiperleck.lu
Fir méi Informatiounen iwwer d’Assurance Dépendance, kuckt w.e.g. op d’Websäit vum
l’Administration d’évaluation et de contrôle de l’assurance dépendance
D’Pflegeversécherung ass eng vun de Branchen vun der Sécurité sociale, déi d’Käschte vun den néidegen Hëllefen a Fleegen fir ofhängeg Persounen iwwerhëlt (no enger Evaluatioun).
Est reconnue dépendante toute personne qui, indépendamment de son âge, a un besoin important et régulier d’assistance dans les actes essentiels de la vie (AEV). Als ofhängeg gëllt all Persoun, onofhängeg vum Alter, déi en wichtege an reegelméissege Besoin un Hëllef bei den essentiellen Aktivitéiten vum Alldag (AEV – Actes essentiels de la vie) huet.
Les actes essentiels de la vie (AEV) betreffen d’Beräicher vun der Kierperhygiene, der Eliminatioun, der Ernierung, dem Ukleeden an der Mobilitéit.
D’Affiliéierter bei der CNS souwéi d’Membere vun hirer Famill hu Recht, vun der Pflegeversécherung ze profitéieren, am Fall vun engem wichtege a reegelméissege Besoin un Hëllef.
De Besoin un Hëllef muss duerch eng medezinesch Ursaach ausgeléist sinn an d’Konsequenz vun enger Krankheet oder enger kierperlecher, mentaler oder psychescher Behënnerung sinn. Et gëtt keng Bedéngung vu Revenus oder Alter.
De Besoin un Hëllef bei den essentiellen Aktivitéiten vum Alldag (AEV) muss eng definéiert Intensitéit erreechen an op mannst 3,5 Stonnen d’Woch duerstellen (Entrëttsschwelle). De Besoin un Hëllef muss fir eng Minimalperiod vu 6 Méint bestoen oder irreversibel sinn.
Wann Dir just fir eng kuerz Zäit Hëllef braucht oder nëmmen am Haushalt oder bei der Virbereedung vun de Moolzechte, gëllt Dir net als ofhängeg am Sënn vum Gesetz.
Wann déi ofhängeg Persoun heem doheem lieft, kënnen d’Hëllefen a Fleegen duerch Hëllefs- a Fleegnetzwierker an/oder duerch en Hëllefer assuréiert ginn. D’Käschte vun de Fleegnetzwierker ginn direkt vun der Pflegeversécherung iwwerholl. Wann en Hëllefer d’Hëllefen a Fleegen assuréiert, kann eng Cashleeschtung un déi ofhängeg Persoun zougestane ginn.
Wann déi ofhängeg Persoun an engem Heem fir eelere Leit oder fir Persounen mat enger Behënnerung wunnt, iwwerhëlt d’Pflegeversécherung direkt d’Käschte fir Hëllefen a Fleegen. D’Käschte fir d’Pensioun bleiwen op Käschte vun der ofhängeger Persoun.
Kierperhygiene, Eliminatioun, Ernierung, Ukleeden, Mobilitéit
Spezialaktivitéiten individuell oder a Grupp, doheem oder an engem Etablissement
Individuell Betreiung doheem, Grupp-Betreiung an engem Dageszenter, Nuecht-Betreiung, Formatioun fir den Hëllefer, Formatioun iwwert d’Benotzung vun den Hëllefsmëttelen, Assistenzaktivitéiten am Haushalt
Encadrement vun enger ofhängeger Persoun am Laf vum Dag
Iwwerhuele vum Bäitrag fir d’Pensiounsversécherung vum Hëllefer
z.B. Rollator, Rollstull, Duschstull, Spidolbett, …
Als Äre Gesondheets Partner, begleet an informéiert Päiperléck Iech bei all Ären Demarchen, sief et fir Iech, ee Familljemember oder eng Persoun aus Ärem Ëmfeld.
