Eng pluridisziplinär Ekipp déi Iech nolauschtert

Päiperléck proposéiert Iech ee villsäitegt Angebot un Déngschtleeschtunge a mobil Fleeg bei Iech doheem, an dëst am ganze Land 24/7.

Är Bedierfnesser stinn am Mëttelpunkt fir eis Ekippen, an Äert Wuelbefanne gëtt gefërdert ëm Iech en onofhängegt a selbststännegt Liewen ze erméiglechen.

Eise Service AAI (Aide à l’Appui de l’Indépendance) besteet aus enger Ekipp vu Fachleit, déi sech Ärem Wuelbefanne widmen, andeem si Iech mat Ergotherapeuten, Physiotherapeuten, Psychologen a Ernärungsberoder zur Säit stinn an eng therapeutesch Begleedung ubidde kënnen.

Eis multidisziplinär Ekippe beroden a begleeden Iech an ärem Alldag, andeem si a sëlleg Gebitter täteg ginn. Eise personaliséierten an individuellen Usaz berout op enger Bewäertung vun Äre Fäegkeeten a Schwieregkeeten am deegleche Liewen.

Mir gräife reegelméisseg oder punktuell mat Hëllef vu Rehabilitatiounssëtzungen an alle Beräicher vun Ärem deegleche Liewen an. (Hygiène an Hëllefe fir d’deeglecht Liewen, Ernärung, Mobilitéit a sozial Aktivitéiten).

D’ausgibeg an interdisziplinär Betreiung déi vun Päiperléck gebidde gëtt, erméiglecht Iech, Är kierperlech a kognitiv Fäegkeeten ze erhalen domat Dir Är Selbststännegkeet bewären an Är Liewensqualitéit séchere kënnt.

Fir weider Froen stinn mir Iech gär zur Verfügung. Zéckt net, eis um 24 25 ze kontaktéieren, fir méi iwwert eis Prestatiounen am Beräich mobil Fleeg Doheem a Betreiung gewuer ze ginn an een Termin ze organiséieren.

Päiperléck,

äre Gesondheets Partner am Alldag

Skip to content