Ee Mobille Fleegedéngscht fir all d'Generatiounen

Päiperléck ass e mobille Fleegedéngscht fir all d’Generatiounen, den Iech eng breet Auswiel un Servicen proposéiert déi a ganz Lëtzebuerg 24/7 verfügbar ass.

Jee no Ärem Gesondheetszoustand an Ären individuellen Fleegebedierfnesser gett eist qualifizéiert, multidisziplinär a méisproochegt Personal reegelméisseg an neien Techniken an Usätz am Fleegebereich beléiert, esou datt se hire Beruff an deene beschte Bedingungen ausübe kënnen. Eist Zil ass, Iech di beschtméiglech Fleegequalitéit unzebidden.

Beispiller vu Fleegeleeschtungen déi vun eise mobillen Asätzekippen duerchgeféiert ginn:

  • Prouwen a Vitalparameteren :
    Bluttprouf, Bluttanalys, Uleeën vun Infusiounen, Behandlungen an Asprëtzungen, Iwwerwaachung vum Bluttdrock, Betreiung am Beräich Otemweehëllef, Urologie a Gastroenterologie

  • Diabeetesbehandlung

  • Bandagen, Plooschteren a Wonnebehandlungen

  • Verwaltung vu Medikamentbehandlungen, Virbereedung an Aginn vu Medikamenter souwéi Iwwerwaachung vu medezinesche Behandlungen

  • Spezialiséiert Fleeg an de Beräicher Ergotherapie, Kinesitherapie, psychologesch Hëllef, Dietetik, Medezinesch Pedikür

  • Palliativfleeg a Familljenënnerstëtzung
    Di multidisziplinär Ekipp vum Nuets Päiperléck bidd Iech eng komplett Betreiung vum Patient, déi vun der Alldagshëllef iwwer d’Krankefleeg bis zur Stierfbegleedung reecht. Eis Philosophie ass et, eng vertrauensvoll Bezéiung opzebauen, ëm d’Eegestännegkeet vum Patient ze fërderen an dofir ze suergen, datt säin Alldag esou agreabel wéi méiglech gestaltet gëtt.

  • Hëllefen am Alldag : Hëllef mat der deeglecher Hygiène, bei der Hausaarbecht, Ernährungsiwwerwaachung a -Berodung, Mobilitéitshëllef.

  • Ënnerstëtzung bei technesche Hëllefsmëttelen
    An Zesummenarbecht mat der Fleegeversécherung an op Veruerdnung vum Dokter kënnen Iech jee no ärem Gesondheetszoustand an Ären individuellen Fleegebedierfnesser technesch Hëllefen zougewisen ginn. Eis Ekippen begleeden Iech bei der Duerchféierung an Iwwerwaachung vun den administrativen Etappen.

Fir weider Froen stinn mir Iech gär zur Verfügung. Zéckt net, eis um 24 25 ze kontaktéieren, fir méi iwwert eis Prestatiounen am Beräich mobil Fleeg Doheem a Betreiung gewuer ze ginn an een Termin ze organiséieren.

Päiperléck, äre

Gesondheets Partner am Alldag

Skip to content