Pédiatresche Fleegedéngscht fir Doheem

All Kand huet eng ugepasste, mënschlech a berouegend Betreiung verdéngt, duerfir bitt Päiperléck deen éischte pédiatresche Fleegedéngscht fir Doheem zu Lëtzebuerg un.

Eis Spezialisten fir Pédiatrie kommen direkt bei Iech Heem, fir d’Kanner an hirem Alldag an op hirem medizinesche Wee ze begleeden – an dat an engem vertrauten an sécheren Ëmfeld.

Eng pluridisziplinär Ekipp, déi Iech begleed:

Eis spezialiséiert Ekipp ënnerstëtzt Kanner
vun 0 bis 18 Joer
dank enger kompletter a personnaliséierter Betreiung :

  • Infirmier·ère·n an der Pédiatrie
  • Infirmier·ère·n
  • Fleegepersonal
  • Erzéier
  • Kinéen
  • Orthophonisten
  • Psychologen
  • Ergotherapeuten

Eis Servicer:

Dozou gehéieren besonnesch :

  • eng technesch Versuergung am Zesummenhang mat enger Ordonnance Médicale

  • eng Kannerbetreiung a Betreiung Doheem am Kader vun der Fleegeversécherung

  • eng personnaliséiert Ënnerstëtzung, déi op Besoine vun all Kand a senger Famill zougeschnidden ass

Aides & Soins à Domicile
Petite Enfance

24 25

: sasd.petiteenfance@paiperleck.lu

De Flyer eroflueden

Déngschtleeschtungen Petite Enfance (PDF)

Ënnerstëtzung a ganz Lëtzebuerg

Bei Päiperléick Petite Enfance setzen mir alles drun fir d’Wuelbefannen, de Komfort an d’Entwécklung vun de Kanner ze garantéieren – an dat duerch eng professionell a mënschlech Betreiung no bei den Famillen, uechter d’ganz Land.

Äre Kontaktpersoun fir all Froen am Zesummenhang mam Service Petite Enfance

Madame Christelle Wolf
Responsabel Petite Enfance

Christelle Wolf

Päiperléck, Äre

Gesondheetspartner am Alldag

Skip to content